|
03/01/2012 Fiche de prime de performance à remplir par les athlète: voir bas de la page INFO Attention: délai remise de la fiche 19 janvier
21/06/2011 European Team Championships Third League zu Reykjavik
Dësen Weekend woren zu Reykjavik (Island) d’European Team Championships 3. Divisioun. Fir Lëtzebuerg hun 9 CSL-Athleten d’Rees op d’Vulkaninsel ungetratt an fir eist Land ëm all Punkt gekämpft. Am Schlussklassement kënnt d’FLA-Selektioun op déi 8. Plaaz enner 15 Natiounen.
Um Samsdeg as d’Laurence Kipgen als éischt CSL-Athlet(in) am Dreisprong ungetrueden. 11m43 an eng 7. Plaaz stoungen am Endeffekt an den Resultater. Duerno wor et um David Karonei, deen mat 3:56,34 iwwer 1500m genee wei d’Laurence och 7. gin ass. Den Tom Scholer huet iwwer 400m eng perséinlech Beschtzeit opgestallt an kann mat sénger Zeit vun 50.02 an der 10. Plaaz d’Erwaardungen méi wéi erfëllen. Lo ass et nëmmen nach eng Fro vun der Zeit bis den jonken Athlet aus dem Camille Schmit séngem Grupp eng 49er Zeit kann unbidden. Leschten Eenzelstarter um eischten Daag wor den Max Pintsch. Heen huet eng 13. Plaaz ereecht (5m98). Als lescht Athleten sin dun den Max Pintsch an den Maxime Allard an der 4*100m Staffel zum Asaaz komm. Mat enger Zeit vun 44.16 ereechen sie déi 8. Plaaz.
Um Sonndeg wor et dun um Tour vum Mike Gira deen sein Bescht gin huet an mat iwwersprongenen 3m90 eng 5. Plaaz erausgeholl huet. Unschleissend wor et den Sam Dratwicki deen mat 13m32 op eng 12. Plaaz koum. Duerno konnt een gespaant sin wéi den Claude Godart no sénger Verletzungspaus oofschneiden wäert. Eng excellenten 2. Plaaz an en super Chrono (14.30) hun gewisen, dat op deen erfahrensten CSL-Athlet ëmmer verlooss ass an heen och an dëser Saison op séngen béiden Strecken (110m H an 400m H) fir Spëtzenleeschtungen gudd ass. Den François Kauffman wollt dem « Gotz » an naïscht nostoen an huet probéiert iwwer 800m souvill Punkten wéi méiglech fir eist Land ze sammlen. Heen klasséiert sech um Enn op enger respektabler 6. Plaaz mat engem Chrono vun 1:52,23. Wann een bedenkt, dat den François eigentlech op 400m sollt zum Ansaaz kommen an och haaptsächlech schnell Traininger an den Been huet, kann een nach vill vun him des Saison erwaarden. Als lescht Eenzelstarterin huet d’Laurence Kipgen mat gesprongenen 4m91 am Weitsprong nach 4 Punkten fir eist Land gesammelt. Zum Oofschloss woren et nach Karonei, Kauffman an Scholer déi an der 4x400m Staffel eng 7. Plaaz ereecht hun (3:20,49).
Alles an allem kann den Verain stolz op seng Athleten sin, déi fir hiert Land an och fir hieren Verain dat Bescht gin hun. Resultater: fla.lu/2011/110619/results_coupe-europe-reykjavik.pdf
Coupe des Jeunes Zu Gréivemaacher huet den CAEG desen Sonndeg d’Coupe des Jeunes fir Débutant(e)s an Scolaires ausgedroen. Leider hun eis jonk Athleten den Negativtrend vun den leschten Joeren am Jugendbereich net konnten stoppen an sou koumen d’Meedercher op eng enttäuschend 4. Plaaz an eis Bouwen op eng 3. Plaaz. Loossen mer awer bemieken, dass eng Réi ganz gudd Eenzelleeschtungen op den Compte vun eisen jonken Vertrieder gin. Eenzelleeschtungen déi an engem Ekippenklassement awer eben nemmen eng Niewenroll spillen. Resultater: fla.lu/2011/110619/results_coupe-jeunes_caeg.pdf Championnats Interclubs des Jeunes 2011 à Schifflange
Résultats des championnats interclubs des jeunes 2011: -Garçons: 1. CAD : 20905 Pkt 2. CSL : 20702 Pkt 3. CAEG : 16190 Pkt -Filles: 1. CSL : 17248 Pkt 2. CAEG : 15166 Pkt 3. CELTIC : 15009 Pkt
|
.jpg)